Saison 2026/2027 - Zeréck an der Nationaldivisioun
15th July 2026
No haarder Aarbescht, groussem Teamgeescht an exemplareschem Asaz op all Niveau hu mir et gepackt: De BC82 spillt an der nächster Saison nees an der Nationaldivisioun! Mat dësem grousse sportlechen Erfollëg schloe mir en neit Kapitel an eiser Veräinsgeschicht op an beweisen, datt d'Zesummenaarbescht tëscht eisem motivéierten Nowues an den erfueren Spiller seng Friichten dréit.
Mir freeën eis op eng spannend Saison an der héchster Spillklass an op vill weider sportlech an emontional Momenter!

