De BC82 op der Nuit des Merveilles!
9th July 2026

Et ass erëm esou wäit. Den 10. an 11. Juli 2026 verwandelt sech de Park zu Beetebuerg an eng magesch Kuliss fir déi 16. Editioun vun der Nuit des Merveilles.
Och de Badminton BC82 Beetebuerg ass dëst Joër erëm mat engem Stand vertrueden!
Ënnert dem Motto "STOP BY, GRAB SOME FOOD AND HAVE FUN!" luede maer Iech häerzlech an, bei eis laanschtzekommen. Fir Iessen an eng super Stëmmung ass beschtens gesuergt. Kommt zesumme mat Frënn an Famill laanscht, fir en onvergiesslechen Weekend voller Konscht, Magie a guddem Iessen ze verbréngen.
Ëffnungszäite vun eisem Stand:
◦ Freideg, 10. Juli: 18:00 Auer - 01:00 Auer
◦ Samschdeg, 11. Juli: 16:00 Auer - 00:00 Auer
Wou:
◦ Zu Beetebuerg am Park
Mäer freeën eis op Iech!
Weider Infos iwert d'Event fann Dir op der offizieller Websäit ënner www.ndm.lu.
