VERÄINSGESCHICHT
Eise Veräin bléckt op iwwer 40 Joër Badminton-Traditioun zu Beetebuerg zeréck. Wat am Summer 1982 als kleng Initiativ ugefaangen huet, ass haut eng fest Gréisst am lëtzebuergesche Badminton.
1982-1985: D'Grënnungsjoër an déi éischt Schrëtt
Alles huet mat engem éischten Turnéier ugefaangen, ier de Veräin offiziell gegrënnt gouf.
- 10. August 1982: Den éischten Badmintonturnéier zu Beetbuerg gëtt organiséiert. 20 Spiller waren ugemellt, an de Marc Frising konnt sech zesummen mam Pierre d'Onghia als éischt Gewënner an d'Geschichtsbicher vum Veräin aschreiwen.
- 19. August 1982: Nëmmen e puer Deeg nom Turnéier fënnt d'Assemblée constituante statt - de Badminton Club Beetebuerg ass offiziell gebuer!
- Mäerz & Abrëll 1985: D'Statute vum Veräin ginn offizielle registréiert an am Handelsregëster déposéiert. Am selwechte Joër gëtt och déi éischt Jugendsektioun gegrënnt, fir den Nowues ze fërderen.
Bannent kuerzer Zäit huet de Veräin sech sportlech un d'Spëtzt gekämpft.
- 1987: De BC82 gewënnt fir d'éischte Kéier de Challenge vun der FELUBA (d'Coupe fir d'Divisiounen 2 bis 4).
- 1988: Gewënner vum Challenge an Champion vun der 2. Divisioun.
- 1989: Champion an der 1. Divisioun an d'Finall an der Coupe de Luxembourg! den 1. Oktober 1989 spillt de BC82 säin alleréischte Match an der Nationaldivisoun (en haart erkämpften 4:4 géin de BC Kopstal). De Veräin schléisst d'Saison op enger exzellenter 4. Plaz of.
- 1990: De BC82 gewënnt de Challenge fir d'drëtte Kéier, wouduerch d'Coupe seng definitiv Plaz am Veräin kritt.
- 1991 & 1992: Den éischten internationale Jugendturnéier gëtt organiséiert (eng Traditioun, déi bis 2007 gehalen huet). Am November 1992 kritt de Badminton zu Beetebuerg endlech eng nei a modern Heemecht: de Centre Sportif 2 zu Beetebuerg steet zur Verfügung.
- 15. Januar 1996: E grousse Moment fir de Veräin: de Florin Balaban, deen 1992 fir Rumänien un den Olympesche Spiller deelgeholl hat, kënnt op Beetebuerg an spillt säin éischte Match fir de Veräin. Hien sollt d'Qualitéit am Veräin iwwer Joëren prägen.
- 24. Januar 1999: Den éischten offizielle "Fiederballdag" gëtt zu Beetebuerg organiséiert, fir de Sport de Läit am Süden nach méi no ze bréngen.
- Mäerz 2001: Den absolute sportlechen Héichpunkt an der Veräinsgeschicht: Nom Match géint Diddeleng gëtt de BC82 Beetebuerg fir d'alleréischte Kéier Vize-Champion vu Lëtzebuerg (punktgläich mat Diddeleng)! Och an der Saison 2001/2002 konnt dësen Erfollëg widderholl ginn.
- Saison 2026/2027 - Zeréck an der Nationaldivisioun: No haarder Aarbescht, groussem Teamgeescht an exemplareschem Asaz op all Niveau hu mir et gepackt. De BC82 spillt an dëser Saison nees an der Nationaldivisoun! Mat dësem grousse sportlechen Erfollëg schloe mir en neit Kapitel an eiser Veräinsgeschicht op an beweisen, datt d'Zesummenaarbescht tëscht eisem motivéierten Nowues an den erfueren Spiller Friichten dréit.
